Geckegen Hunneg

18,00 

Description du livre

D’Sprooch, als éischten Zougang vun de Kanner zur Welt, wëll mat Wierder dës Welt gräifbar maachen. Mee a wéi wäit ka Sprooch dat haut nach leeschten? Ass d’Welt nach ze gräifen,-ze begräifen?

Duerch d’Opbrieche vu Sproochreegele versichen des Sequenzen dem Kär vun eiser entfriemter Welt mei no ze kommen. Dobai zeechent den Nico Helminger mat melodescher Melancholie – ëmmer erëm an diskret dauchen dobäi Stëmmen aus der Vergaangenheet op, vu Ryōkan bis Rilke, vun Hölderlin bis Herbeck –, awer och mat Sproochwitz, d’Onzoulänglechkeete vun enger verréckter Welt no.